Biergaarbechterlidd

D’Lidd vun de Biergmänner – E. Kauth

1. Biergleit fréi op, ruffe Gléck op
am Zechenhaus den Zichelche steet,
am Zechenhaus den Zichelche steet,
an d’Grouf hie geet, an d’Grouf hie geet

2. Äddi, léif Sonn, fir munnech Stonn
si sin am Bierg um Schantgen eleng
si sin am Bierg um Schantgen eleng,
mat Minettssteng, mat Minettssteng

3. Halt, gare la mine, Damp kräicht dohin
hie sechert, stäipt an d’Buggië fëllt
hie sechert, stäipt an d’Buggië fëllt
Den Duuscht sech stëllt, den Duuscht sech stëllt

4. Geet et zum Rescht, d’Schicht ass déi lescht
Hie wees: da fiert e sécher a riicht
Hie wees: da fiert e sécher a riicht
An d’Himmelsliicht, an d’Himmelsliicht